zerëck op d'Haaptsäit / retour à la page principale / back to main page |
Rapports’en | vun den Sortien vun de leschten 6-8 Wochen (page affichée actuellement) |
Aktuelles | Allgemenges, Verschiddenes.... |
Mountainbike | Strecken ronderem Ettelbrëck, Kaart a Profil |
Foto – Galleries | Aktuell a manner aktuell Fotoen |
Bibliothéik | Bicher vun eisen Memberen fir eis Memberen |
Floumaart | ze verkaafen, sichen ze kaafen, ze verschenken |
Liste des membres actifs | Stand vum 26.08.2004 |
Rapports’en vun de Sortien vun denen leschten 8 Wochen |
Aus berufleche Grenn kann ech am Moment net méi, oder jiddenfalls net méi regelméisseg derbäi sin. A soumat wees ech och net wat lass war an hun also näischt ze schreiwen. Ech hun och weder Fotos'en nach Profiler. Wann awer irgendeen mir ee puer Wuert schreiwt, oder mir Fichiers'en scheckt, da setzen ech déi gären op de Site. Mich. R. (28.11.05) |
Sonndeg, 27.11.05: Sortie mam MTB......(eng Grupp)
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Sortie a Richtung Befort. Do dréie mir dann eng Ronn ennert der Leedung vum Jeff Thill. (viraussichtlech em déi 3-4 Stonnen).
Eng méi kurz Alternative (och an déi Richtung) ass och virgesin.
Um Départ waren ca. 10 Leit.
Sonndeg, 20.11.05: Sortie mam MTB,
- zenter der leschter Woch an nemmen méi enger Grupp, déi awer ganz verstänneg fiirt....
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Sortie a Richtung Kautebach, mat der Méiglechkeet, ab Giwelsmillen oofzekiirzen (fir déi Leit, déi net eréicht wellen géint 13 Auer zereck sin).
Guide du jour: Marc Zenner. Wahrscheinlech Streck op der Topo-Kaart kucken.
Um Départ waren ca. 15 Leit.
Samsdeg, 19.11.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck :
Ettelbr. - Schieren (oder Welsdorf) - Colmar - (pist) - Bissen - Useldange - (piste) - Everlange - Schandel - Vichten - Michelbouch - Carelshaff - Ettelbruck
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 13.11.05: Sortie mam MTB
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz pünktlech ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55,)
Streck:
Ettelbreck - Nuck - Richtung Stegen - Richtung Folkendange - Brouderbour - Reisdorf - déi aaner Säit iwer d´Kopp bis op Bettenduerf/ Bleesbreck. Zereck iwert d'Piste bis Ettelbreck.
Rapport:
Entschelleg Jeff......a mengem nächsten Liewen gin ech Sensatiounsfotograf (mé spéider mei zu desem Thema....)
Eppes Neies war ugesoot fir dese Sonndeg, ganz spontan ! Mir hun nemmen eng Grupp gemaach, a sin domat rem do, wou mir 'fréier' eigentlech zu der allgemenger Zefriddenheet och schons waren. An déi (eng) Grupp vun 18 Leit ass dann och richteg verstänneg gefuer, hannen gouf villäicht dach nach déi eng oder aaner Kéier e besschen op d'Zänn gebass, a viir gouf eben gewaardt. A jidfereen, mengen ech mol, war duerno zefridden ! Woumat den Sujet da sollt vum Desch sin, an d'Clubsatmosphäre kennt rem voll zum Viirschäin.
Et huet wuel nach e puer Kilometer gedauert, an dorun waren och déi éischt zimmlech schwéier 5 Kilometer Schold, bis mir den gemeinsamen Rhythmus fond haten, mé duerno ass alles tiptop gelaaf. Meeschten jiddenfalls, - wann net grad een am Bulli louch (och wann et därs wesentlech manner war, wéi mir ursprünglech op der Streck erward haaten). E puer méi kniwweleg Deeler waren derbäi, dorenner 2 kleng Holzbrecken, rutscheg wéi mat Schmiirseef iwerdeckt, - déi waren scho baal net ze Fous ze maachen. Deelweis hu mir och Cyclo/Pédestre gemaach, d.h. mir hun de Velo duerch de Besch gedreckt, ...hei muss dach de Wé sin....oder ass en dann villäicht dach do,....oder do....? Mé mir hun en fond !
D'Wieder huet och matgespillt. Um Départ war et bedeckt, dréif, fiicht, mé no an no ass et emmer méi hell gin, an zum Schluss goufe mir souguer mat Deeler vu bloem Himmel belount. Ech mengen, dat gouf et nach net: ech selwer war mat Secherheet nach nie bis Mett November Velo/MTB gefuer ouni d'laang Händchen ugehaat ze hun.Bis elo war dat nach desst Joer net néideg !
Zu Reisdorf huet de Grupp sech opgedeelt. Mir haten zwar nach net vill Kilometeren um Tacho, mé waren trotzdem schon eng gudd Zäitchen ennerwé, sou dat eng Rei Leit décidéiert hun, iwert d'Piste ze fueren, fir em 12:00 Auer doheem ze sin.
Pannen: keng !
Chuts'en: eng Rei ! Ech mengem, ech hat déi éischt gemaach, op der knubbeleger, stengeger, glaater Descente vun der Nuck roof a Richtung Angelduerf, GottseiDank an Zeitlupe an ouni Konsequenzen. Déi nächst huet, hun ech mol héieren, den Roby W., gemach, wéi hien anscheinend irgendwou locker iwer den Guidon 'gesprongen' an am Bulli geland ass. Dretten misst dann den Marc Bastian gewiecht sin. Hien war dese WE fir t'éischt derbäi, an huet elo (anscheinend) meng Plaatz ageholl als den Cyclist ouni Profil op den Pneus'en (an duerfir ass hien dann och gefall.....also Marc: wat ass elo ugesoot ?). Als nächsten koum dann den elegansten Oofgang vum Daag: Den Thills Jeff an ech haaten uewen op der Kopp an den Bettenduerfer Bescher eis 'Première' wéi mir (fir eis war et fir t'éischt, virdrun hu mir dat emmer ze Fous gemaach) eng 'schwéier technesch' Descente (mat Erfolleg) eroof gefueren sin. (Bem.: Fir all déi aaner war dess Schwieregkeet quasi inexistent....). Vum Erfolleg befligelt, wollt den Jeff dat op enger aanerer Plaatz och nach probéieren, huet sech et awer (ganz) kurzfristeg aanescht iwerluecht,...a gebremst....DAT WAR FALSCH ! De Velo ass zwar stoe bliwen, de Jeff awer net, an an elegantem Flug, - ech war hannert dem Jeff an hun säin Gesiicht nach ganz deitlech viru mir -, ass hien voller freedeger Erwardung iwert den Velo gesegelt, de Rampli roof, huet sech e puermol iwerschloen, a wollt rem opstoen. Mé sou get dat net. Bis elo war ech nach nie prett, wann een do louch, an déi Foto wollt ech dann och maachen. "Bleiw leien, Jeff" soot ech, aplaatz "Brauchst du Hellef ?". Mé, ganz éierlech, ech hat gesinn, dat näischt passéiert war. An sou war et och. A vun de Kollegen krut ech wéinst mengem ´coolen' Sproch nach sou munsches ze héieren....
An als leschten huet dun nach missen de Jacques drun gleewen. Zu Ettelbreck, just wéi mir zwee wollten an 'Zeitlupe' am rechte Wenkel vun der Deich-Parkplaatz op d´Breck fir op d'Maartplatz fueren, ass de Jacques hannen wech gerutscht. Obwuel, wéi gesoot, dat ganzt mat villäicht 10 Km./h passéiert ass, war d'Box futti an de Knéi huet op 2 Plaatzen geblud. Et géif net weider wéi doen, soot hien, ass ass nach, wéi geplangt, iwert de Kneppchen heem op Grosbous gefuer. (Ech hu mech informéiert: et war schlussendlech och net weider schlemm. Mettes ass hien och dun nach zu Grosbous (och wéi geplangt) d'30 KM-MTB-Streck vun den Grousbusser Fräizäitstrampler gefuer.)
Daten (Ettelbr. - Ettelbr.): 40,40 KM, 710 HM, 14,81 Km/h., Temperatur: zimmlech konstant 10°, Wand: keen Thema
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Fotoen vum Daag kucken (sin am Moment, 13.11.05, 18:15, nach net um Site, mé missten awer nach irgendwann kommen)
Samsdeg, 12.11.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....(wann d´Wieder et erlaabt)
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck:
Ettelbr. - Cruchten - Schrondweiler - Nommern - Aechelbuur - Medernach - Ersmd. - Neimillen - Eppeldorf - (Beforter) - Bigelbach - Reisdorf - (piste) - Bettend. - (montée) - Gilsdorf - (piste) - Ettelbruck.
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 06.11.05: Sortie mam MTB, - 2 Gruppen.
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Streck, ca. 53-60 km (Guide vum Daag ass de Marc Zenner):
Ettelbreck - Ierpeldeng - Friddhaff - Flebour - Blees - Gralingen - Stool - Nuechtmaanescht - Putscheid - Koffergrouwen (Stolzebuerg) - Camping Aakescht - (laang Montée op) Wahlhausen - Houschter Deckt - Houschend - Cloosdelt........
Bleiwt ze bemierken, dat et quasi en aller/retour ass, et also net einfach ass fir ennerwé oofzekiirzen.
Dem Marc seng Kaart kucken... (1. Grupp)
Rapport: (kennt nach....)
Et gung, wann och mat e besschen Verspeidung, - eis nei Kollegen mussen dat nach léieren.... -, zesummen lass. Gudd dat ech mäin Schlessel am Auto vergies hat. Ech sin also zereck gefuer an hun dun de Felix M. begéint, den sengersäits ganz speíd ennerwé war, a soumat och nach konnt mat eis fueren. Zesummen gung et also bis op Ierpeldeng, an do mir eis direkt an der éischter Montée getrennt. Op der Kopp beim Sidec huet de Georges H. nach op eis gewaard (hie war mam 'starken' Grupp op d'Kopp gefuer), an domat war eisen 2. Grupp mat 9 Mann komplett. Mir hun eis absolut net un déi 'offiziell' Streck vum aanere Grupp gehaalen a sin folgend Streck gefuer:
Ettelbr. - Ierpeld. - (Kräitz) - Firddhaff - (Beschwéer) - Cloosdelt - Köppenhaff - (technesch Descente) - Braaneburg - (montée bei d'Buurg) - Houschterhaff - Camping Walsdorf - Fouhren - Tandel - Bastenduerf - Härebierg (lescht Steck 23 %) - Descente op Dikrech (laut HAC4, iwer 50 %). Hei hu mir eis opgedeelt: 6 Leit sin iwert d'Piste op Ettelbreck gefuer, an 3 Leit iwer d´Koppen op d'Ettelbrecker Nuck, a roof op d'Arrivée...
Menger Meenung no war all Mensch an desem Grupp zefridden. Bei laangen Montéen huet et wuel mol 1 Minutt vum éischten bis de leschten gedauert, mé well eben emmer uewen, an och ennen, gewaardt, an op den flaachen Deeler an den Faux-Plats richteg verstänneg gefuer gouf, hate mir ee Rhythmus fond, den all Mensch arrangéiert huet. Den Tour hat 43 km bei ca. 1.050 HM. (Ech denken, ech bleiwen selwer an Zukunft hei derbäi....).
Vum aaneren (dem staarken) Grupp (och ca. 8-9 Leit ?) hun ech net vill héieren: 3 Platten, 56 km, 1.230 HM (Donnéen vum Ed.), an 1 Mann dé verluer gouf...wien wuel: richteg, de Charel.... Gudd, dat et sech bei him em ee Mann handelt, den sech nawell iwerall auskennt, soss misst en sech richteg Gedanke maachen, sou dacks wéi hien schons verluer gaangen ass.....
Profiler gin et haut keng: ech hat mäin Instrument eréicht zum Schluss ugemaach, an dem Ed säin Instrument war och net de ganze Wé un.
Fotoen vum Daag kucken (sin am Moment, 07.11.05, 21:40, nach net um Site, mé missten awer nach irgendwann kommen)
Samsdeg, 05.11.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....(wann d´Wieder et erlaabt)
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck: Ettelbr. - Cruchten - Schrondweiler - Nommern - Aechelbuur - Kengert - Larochette - Medernach - Ermsdorf - Keiwelbaach - montée Hierzenhaff - Moestroff - (piste) - Bettendorf - Diekirch - Ettelbruck
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Densdeg, 01.11.05: Sortie mam MTB (nemmen eng eenzeg Grupp)
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Streck:
Irgendwéi iwer Warken - Feelen - Fussekaul - Grevels - Eschduerf - Heischend - Kehmen......
...sou dat vun hei un eigentlech jidfereen biirgoof ze fueren huet fir heem ze kommen (Grosbous, Mertzeg, Feelen, Ettelbreck....)
Rapport:
Vun alle Säiten koumen déi 6 Leit mam Velo ugerullt: den Marc Z. vu Leppschend, den Charel B vu Bastenduerf, den Ed vun Angelduerf, de Leo an de Jacques vun Grousbuus, an ech vu Merscheed.
Wat d'Wieder ubelaangt, sou hate mir Chance: hat et um Départ (bei relativ angenehmen Temperaturen) nach deck no Reen ausgesinn, sou sollte mir allerdengs net nemmen drechen bleiwen, mé lues a lues ass d'Wieder emmer besser, an zum Schluss esou guer richteg schéin gin (dun allerdengs mat opkommendem SW-Wand).
Mat dem Super-Hierscht, den sech pünktlech zum Allerséielendaag oofgemeldt hat, war et och eriwer mat dem drechenen Buedem. Deelweis war et schmiereg, - et huet sech allerdengs a Grenzen gehaalen -, an och déi vill Blieder op dem naasen Buedem hun dozou bäigedroen, dat et bei wäitem net méi gerullt ass wéi nach virun 2 Deeg. Déi eng oder aaner nei Streck gouf probéiert, a well verschidden Leit wollten, wéi geplangt, zur Zäit doheem sin, gouf de Grupp schons relativ fréi getrennt. Zu Merscheed sin den Charel an de Marc iwer d'Kopp a Richtung Buurschend gefuer. Zu Dellen war et dun um Ed, den a Richtung Turelbach gefuer ass fir zereck op Angelduerf ze kommen, a virun Grevels hun de Jacques an de Leo mech verlooss fir roof op Grosbous ze fueren.
Profil : (Merscheid - ETTELBRUCK - Randonnée - Merscheid) (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 30.10.05: Sortie mam MTB, - je no Partizipatioun an 2 Gruppen.
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00 (Wanterzäit !), (rendez-vous: 08:55)
Mir fueren iwer Welsdorf - Colmar - Richtung Vichten, weider iwer Schandel op Reimberg, a groussem Bou ronderem Grosbous, landen dann zu Dellen an Merscheed, an et geet roof op Feelen an zereck op Ettelbreck.....
Rapport:
Super-Bedeelegung vun 29 Mann, dorenner enger Rei Courreurs'en aus verschiddenen Veräiner....
...déi dann och all am éischte Grupp gefuer sin, mat natiirlech enger anstänneger Delegatioun vun eisen Memberen.
An och den 2. Grupp war nach richteg deck besaat, sollt allerdengs schon an der éischter, dach schons zimmlech géier Montée hannert dem Schlass zu Colmer rop bis uewen op d`Kopp e Steck auserneen gezun gin. Am 1. Grupp ass wuel och net getrentelt gin, well schon op denen éischten Kilometren haten sech 3 Leit zereck faalen geloss, a sin mat eis weider gefuer ( ee klenge Risiko war dess Aktioun allerdengs, well déi 2 Gruppen sin net 100 %-eg deselwechten Wé gefuer, wann och an groussen Zich d'Streck beschwat gin war)..
Richteg beandrockend war dann eng 'Rencontre du 3e type....', wéi virun den Biisser Weieren ee kapitalen Hirsch just virun eis a vollem Tempo de Wé gekräizt huet, knapps e puer Meter virun denen éischten. Dat hätt och mol scho kennen an d'Box goen, well mir all a vollem Tempo de Biirg roof gebraust koumen !
Eppes méi spéid, - den Tempo huet net jidferengem gefall -, gouf viirgeschloen, och desen 2. Grupp nach weider opzedeelen, wat mir dun och gemaach hun. E Grapp voll Leit sin eppes méi lues gefuer, an de Gros vum Grupp ass de Recht vun der Streck quasi geschlossen bis zum Enn gefuer. Richteg flott an (leider, - mé dat war vu viran gewosst) ze technesch, och fir d'Spezialisten, war den Trip duerch den Reimberger Autopédestre, ee Streech, den ganz interessant a schéin ass, an den eng Rei vun eis nach net kannt hun.
Bei einfach genialem Wieder, - hätte mir dat am August op eiser Randonné Jang Ferrari gehaat -, gung et weider ronderem Grosbous a Richtung Dellen. Hei si mir zwar net an eng Juegd gerooden, mé geknallt huet et trotzdem: ech hat mäin henneschten Pneu op 2 Plaatzen op dem stengeschen Wé opgeschlitzt, an den Schlauch hat dat wuel net verdroen. Elo hat ech sou gudd op mäin Pneu opgepaast, an hat bal all Stollen propper oofgefuer, an dann sou eppes.....(all Mensch wees, dat ech de Pneu normalerweis eréicht wiesselen, wann d'Toile ennert dem Gummi Lächer huet....). Et geet nun eben näischt iwer Kollegen: de Charel hat e Steck Gummi derbäi (net den ganz dennen...), den Alain huet dat Steck op der Kreesssee (dem groussen Kettenblaad) duerchgeseet, an nodem mir d'Schlitzen am Pneu mat desem Gummi ennerluecht haten, gung et weider op Dellen, op Merscheed an roof op Uewerfeelen. Hei hun ech de Grupp verloos fir (mat nach der enger oder aanerer Kopp) rem zereck op Merscheed ze fueren. Do sollt ech dann och feststellen, dat déi provisoresch Reparatur zwar gehaal hat, mé de Schlauch op denen zwou gefleckten Plaatzen wéi eng Ierbs aus dem Pneu geluust huet......Gudd dat ech doheem war. An en Densdeg hun ech ee ganz neien Pneu...versprach !
(Haut feelt dann mol eng Kéier den Rapport vum Grupp 1).
Daten (Merscheed - ETTELBRECK - Randonnée - FEULEN - Merscheed):
64 km, 1.200 HM, 17 Km./h., Temper. 8-20° bei purer Sonn,
Profil (Merscheid - ETTELBRUCK - Randonnée - FEULEN - Merscheid): (duerno: back / retour / zurück)
Fotoen vum Daag kucken
Samsdeg, 29. 10.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....(wann d´Wieder et erlaabt)
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck: Ettelbr. - Colmar - (piste) - Useldange - Bettborn - Grosbous - Mertzig - Ettelbruck
Rapport:
Den Ed an ech..
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 23.10.05: Sortie mam MTB
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
resp. zu Tandel, bei der Schoul: 09:30 (rendez-vous: 09:25)
(D'Schoul zu Tandel ass direkt op der Haaptstrooss, ca. no 400 m op der rechtser Säit, wann en vun Dikrech kennt)
Streck:
Changement de Décor: mir fueren dese Sonndeg an der Veianer Géigend.
Duerfir fuere mir zu Ettelbreck em 09:00 lass (Strooss oder Velospiste) a sin dann géint 09:30 zu Tandel (ca. 12 km).
Ab hei ass dann de Charl B. eisen Guide, an hien feiert eis ronderem Vianden. D´MTB-Streck dierft em dei 40 KM hun.
Jidfereen kann also fir sech entscheeden, op hien ab Ettelbreck mat fiert, oder direkt op Tandel kennt fir hei den Départ ze huelen.
Rapport:
8 Mann hun zu Tandel den Départ geholl, a laut Aussoo vun denen 3 Mann déi vun Ettelbreck komm waren (Léo, Jacques a Georges) waren der och nach ongeféier 8-10 zu Ettelbreck fir do ze rullen..
Ech versichen, mech kuurz ze faassen: et war eng ganz flott Sortie, déi gudd ze fueren war. Als richteg technechen Deel war eigentlech nemmen eng eenzeg net ze laang Descente zereckzehaalen fir aus der Géigend vum Sanatorium rem roof bei de Séi virun Biwels ze kommen. Net als technesch, mé schon als anspruchsvoll muss een déi Montée bezeechen, déi duerno vun Biwels rop op d'Kopp gefouert huet. (Déi Leit déi déi grouss Randonnée Jean Nelissen gefuer sin, kennen desen Deel beschtens). Regelméisseg si mir stoe bliwen fir all déi flott Vues'en ze genéissen (a Biller fir eis Fotogallerie ze maachen). D´Wieder huet och matgespillt. War et am Ufank dach nach deck groo, niweleg, - an e puer Reendrepsen hate mir och um Wé fir op Tandel scho matkritt -, sou gouf d'Wieder lues a lues besser, an d'Sonn déi emmer méi dacks eraus koum, huet dozou bäigedroen, dat d´Moral richteg gudd bliwen ass.
Partizipants: Bourgmeyer Charel (eise Guide), Haas George, Heuts Jacques, Kirchen Léo, Mayer Ed., Reding Mich., Thill Jeff, Zenner Marc.
Wéi schon déi 2 Sortie virdrun och ass alles problemlos verlaaf: nach emmer keng Chute, nach emmer ké Platten, nach emmer keng Pann. (Bleiwt ze hoffen, dat dat net irgendwann alles zesummen kennt....)
Ech selwer war moies mam Velo iwer Heischent - Buurschend - Buurschter-Millen op Leppschend gefuer a vun do aus zesummen mam Marc op Tandel. No der Sortie sin zu Tandel den Ed, de Charel, de Leo an ech op Bastenduerf gefuer. De Charel huet sech op d'Zopp gefreet, den Ed ass op d'Bleesbreck gerullt, an de Marc, de Leo an ech hun den Koeppenhaff an Ugreff geholl. Duerno gung et iwert d`Dréibunn bis an d'Markebach, - de Marc ass beim Leweck roof op Leppschend gefuer -, a weider duerch d'Schlenner op d'Giewelsmillen a rop op Kehmen. Ab hei huet de Léo dann bei dem strammen SW-Géigenwand Lokomotive gespillt, a virun Eschduerf hu mir eis och getrennt. Ech sin iwert een Niewewé op Merscheed, an hien iwert d'Hierheck op Grosbous gefuer. Sou dat ech selwer haut op déi dach ongewinnten MTB-Distanz vun 103 KM an eppes iwer 1.800 HM koum. De Léo sengersäits, - hien war moies mam Velo iwer Feeln op Ettelbreck an Tandel gefuer -, dierft nemmen eng Handvoll Kilometren an net vill Héichtemeter manner hun. An och de Jacques, den mam Velo aus dem réitzerdall op Ettelbreck komm war, an och dé Wé nees zereck gefuer ass, misst un déi 100 KM komm sin, wann och mat ettlechen Héichtemeter manner.
Daten (Merscheid - TANDEL. - randonnée - TANDEL. - Merscheid): 103 KM, 1.805 HM, 20,07 Km./h., Temper. 10-14°. SW-Wand.
Profil (Merscheid - TANDEL. - randonnée - TANDEL. - Merscheid): (duerno: back / retour / zurück)
Fotoen vum Daag kucken
Ettelbrecker Grupp (och Sonndeg 25.10.05, ganz kurzen Rapport vum Marco F.):
Et waren nach 8 Mann déi zu Ettelbreck gefuer sin. Et gouf deelweis d'Streck vun der Jang Ferrari gefuer, awer och deelweis improviséiert, well keen sou richteg secher war, wéi d'Streck dann nun war. Och hei waren weder Pannen, nach Chuten oder Platten ze verzeechnen. Et war eng flott Sortie, a wéi zum Schluss den een oder aaneren (wéi emmer) heem gefuer ass, hun nach eenzelner eng Boucle iwer Feelen, Welschend, Biirden, Ierpendeng drugehaangen, - sou dat fir de Marco eng Sortie vun 58 KM dobäi raus komm ass.
Samsdeg, 22. 10.05: Trainingssortie mam Course-Velo
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Rapport:
One-Man-Show...:
Profil : (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 16.10.05: Sortie mam MTB, - je no Partizipatioun an 2 Gruppen.
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00 (!!) , (rendez-vous: 08:55)
Bis Enn November ass den Départ Sondess Moies em 09:00 (R.V. 08:55).
Während de Méint Dezember a Januar fuere mir em 09:30 fort (RV.09:25)
Streck:
Ettelbruck - Haardt - Erpeldange (Millewo) - Mechelsbach - Friddhaff - (circuit VTT) - direct. Lipperscheid - (... à définir ... ) - Burden - Warken - Ettelbruck
Et get, grad wéi dé leschte Sonndeg, an 2 Gruppen gefuer. Woubäi ech dovun ausginn, dat mir zesummen bis op Ierpeldeng kommen, resp. openeen warden, an duerno getrennt weider fueren.
Rapport:
Ech hun se net gezielt, mé et missten em déi 25-27 Mann gewiecht sin, déi no an no op der Maartplatz agetrudelt sin, an dorenner och 7 flamännesch Kollegen, déi zu Buurschend an der Vakanz sin an irgendwou am Internet gelies haten, zu Ettelbreck wär ee MTB-Treff......
Haut gouf sech net laang agerullt, an schons no engem Kilometer gung et op d´Haard rop. Net géi zwar, mé eben biirgop. No engem kurzen Ausflug duerch de Besch an der Descente déi aaner Säit roof op Ierpeldeng goufen dun bei der Montée richt rop op den Goldknapp déi kleng Iwersetzungen gebraucht. A wann ee bedenkt,.dat een, wann een den Départ vun der Ierpeldenger MTB-Streck hei zu Ierpeldeng hellt, dann direkt mat deser Montée confrontéiert get, - kaal natiirlech -, an dann muss am Schlussdeel Passagen zweschen 16 an 20 % drecken..... . Mé mir waren jo wam, mé och elo gung dat hei net vum selwen. Mir sin weider der MTB-Streck nogefuer, an hun wéi emmer hannert dem Friddhaff ettlech kleng Passagen zu Fous gemach, well do Deeler dran sin déi einfach net (mam Velo) ze schaffen sin.
D´Wieder war einfach super, a gené sou super waren dann och déi Vues'en déi mir op de Koppen präsentéiert kréien. Well mir nun eben ké Fotoclub sin, goufen dann och dess Biller net mat der Kamera festgehaalen, mé flott war et trotzdem. Dat den Terrain wéinst dem schon wochelaangen gudde Wieder extrem gudd ze fuere war, brauch wuel net betount ze gin. An dat et am Oktober steppst wa mir MTB fueren, dierft wuel äusserst selten sin.
Eppes méi technesch a kniwleg war dun d'Descente iwer e klenge Pad, de Rampli emmer derniewend, roof op d'Buurschter Millen. A grad sou kniwleg, d.h. net technesch mé laaaang, d'Montée laanscht d'Bramillen rem rop op d'Kopp bei de Waasserbehälter zweschen Biirden a Buurschend.
Et gung duerch de Besch roof op Welschend, 1 Kilometer duerch de Warkdall, rem rop bei de Bamhaff a bein Flugfeld rem roof bei d'Schoosfbreck an zereck op d'Maartplatz.
Wéi emmer waren eng Rei Leit schon amm Velo op Ettebreck komm, dorenner, an dat ass dach schon zimmlech stark, de Pascal, de schon mam Velo vu Bartreng komm as, an och duerno natirlech rem mam Velo an d´Stadt gefuer ass. Den Ed hat es och nach net genuch an ass mam Alain nach een Tour iwert d'Nuck gefuer. Villäicht hätt hien dat besser net gemaach......(Fotoen kucken).
Aanerer sin zereck gefuer op Grosbous, Leppschend, Bastenduerf, Méischtreff,...... an ech selwer iwert de Kneppchen heem op Merscheed.
An och eisen flamännesche Kollegen hat d' Sortie ganz gudd gefall (Hiere Grupp hat déi ganz Sortie tiptop mat eis matgehaalen)..
Pleiten, Pech und Pannen:
Nach emmer ké Platten, an dat no 2 Sortien mat dach engem anstännegen Koup Leit.
Mé duerfir, an och dat misst ee Rekord gewiecht sin, hu mir ennerwé no a no 4 Leit verluer...an si irgendwou méi spéid, deelweis no 1-2 Stonnen, rem begéint. Sou dat mir komplett ukomm sin ! 2 aaner Kollegen, een aus dem Grupp 1 an een aus dem Grupp 2, haten sech ennerwé 'ordungsgeméis' oofgemeldt a waren virzäiteg heem gefuer. An nemmen mat knapper Nout si mir an der leschter Decente fir roof bei d'Schoofsbreck enger solider Collisioun entgaangen, wéi et am Schlussdeel geheescht huet, scharf lenks an ee Feldwé oofbéien.Et gouf zwar (viir) gewenkt, an Zeechen gemaach, méi lues ze fueren, mé wéint der Kéier virdrun war dess Informatioun wuel bei denen éischten 6 Leit henke bliwen. An déi aaner koumen mat vollem Tempo de Biirg roof gebraust.....
Zum Grupp 2.
Si sin eigentlech méi oder wéineger den selwechten Tour gefuer (ouni Goldknapp am Ufank, an ouni Bamhaff zum Schluss).
Mé leider waren si mat 3 Mann eppes schwach besaat. Et ass desst definitiv keen Ufängergrupp an et dieft wuel net vill méi lues goen, mé nun eben eppes méi gemittlech. Et wär gudd, wa mir dese Grupp kennte beibehaalen, an ech sin secher, den een oder aaneren aus dem Grupp 1 ass déi eng oder aaner Kéier frou hei kennen mat ze fueren. Mé et kann ké gezwongen gin, am 2.Grupp matzefueren, wann hien nun wellt am 1. fueren. Wann et engem do ze séier geet, da muss jidfereen selwer entscheeden, op hien wellt am Grupp 1 hannendran henken, oder dach léiwer déi nächste Kéier am aanere Grupp fueren. Bei 7 Mann (Sortie vun der leschter Woch) fällt et natiirlech stark an d'Gewicht, wann 4 Mann (dess Woch) net do sin, an een och nach virzäiteg heem fiirt. Ech selwer sin trotzdem der Meenung, dat et dei richteg Entscheedung ass, vu viir ran 2 Gruppen op d'Strecken ze schecken.
Daten (Merscheid - ETTELBR. - randonnée - ETTELBR. - Merscheid): 67 KM, 1.500 HM, 17,68 Km./h., Temper. 6° (Moies) - 19°.
Profil (Merscheid - ETTELBR. - randonnée - ETTELBR. - Merscheid): (duerno: back / retour / zurück)
Fotoen vum Daag kucken
Samsdeg, 15. 10.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....(wann d´Wieder et erlaabt)
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck:
Ettelbreck - Bleesbreck - Seltz - Longsdorf - Fouhren - Walsdorf - Niklosbiirg - (direct. Wahlhausen) - Merscheid - Gralingen - Markebach - Ennerschlenner ...... Lipperscheid ?? oder Féischterhaff ?? .......
Rapport:
2 Mann, den Ed an ech, hun zu Ettelbreck den Départ geholl, an op der Bleesbreck koum de Charel B. eis entgéint fir matzefueren.
D´Wieder war nees super an et huet richteg Spaass gemach am Oktober sou ze rullen.
Mir sin (wei virgesinn) iwer Longsdorf op Fouhren, a weider duerch Walsdorf op den Niklosbiirg gefuer.
Ech selwer hat mech erkaalt, a meng HF huet zimmlech verreckt gespillt (net direkt, mé 180 ass nun eben bei enger normaler Montée a verstännegem Tempo wesentlech ze vill). Sou dat ech um Groestaen (verstännegerweis ?!) décidéiert hun, um kiirzte Wé, d.h. iwer Landscheid - Brandenbourg - Bleesbreck, nees op Ettelbreck ze fueren. Meng 2 Kollegen sin weider iwer Wahlhausen roof op Eisenbach, gefuer, an dun laanescht d'Our nees zereck.
Daten (meng eegen): 42 KM, 445 HM, 28,45 Km./h., Wieder: super, Temperatur: 19°, Wand: NO, 2 Bft.
Profil (mäin eegenen): (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 09.10.05: Start vun der MTB-Saison, - je no Partizipatioun an 2 Gruppen.
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:30 (!!), (rendez-vous: 09:25)
!!!! Ausnahmsweis ass dese Sonndeg wéinst den Kommunal-Wahlen den Départ em 09:30 !!!
Ab nächster Woch dann em 09:00 (R.V. 08:55), an zwar während Oktober an November.
Während de Méint Dezember a Januar fuere mir em 09:30 fort (RV.09:25)
Eis éischt MTB-Sortie féiert eis, wéi emmer an denen leschten Jooren, an d'Colmar- resp. Biisser Bescher.
Et ass dest een Terrain, den net weider schwéier oder technesch ass. Sou kenne mir eis uneneen eruntaaschten, - dat betrefft besonnesch Kollegen (-innen), déi nei derbäi sin. Ausserdem ass een nie méi wéi ongef. 8 Km vun Ettelbreck ewech, sou dat et fir jidfereen ouni weideres méiglech ass, um schnellste Wé rem zereck op Ettelbreck e fueren.
Rapport:
Ongeféier 20 Mann, - ech hun se net gezielt -, haten sech trotz de Gemengwahlen afond fir sech an déi nei MTB-Saison ze stierzen.
Et goufen quasi nemme bekannt Gesiichter gesinn. Nei derbäi waren den Alain an 'hallef-nei' den Gerard.
Bis op d'G.Y-Paarkplaatz bei der Schwarzbach si mir all zesummen gefuer, dun goufen et 2 Gruppen à ongef. 10 Mann.
De Grupp 1 huet kurzfristeg décidéiert d´MTB-Streck vun der Randonnée Ferrari ze fueren (ca. 50 km).
Dese flotten, a wéi mir notréiglech dach feststellen, net ganz einfachen Circuit, jiddenfalls net fir irgendeen, den mol wellt eng MTB-Randonnée fueren, si mir dann och ouni Problem gefuer. Et war niweleg, mol méi, mol manner, an et war och net ze waarem, mé et war jo gudd Hierschtwieder annoncéiert gin.....An dorop hu mir de ganze Wé gewaard. Munschmol koum d´Sonn (ganz) kurz bis lussen, awer direkt drop war si nees fir eng hallef Stonn verschwonnen. Et war eng Sortie, déi jidferengem gefall huet, a well eng Rei aus desem Grupp och schon mam Velo op Ettelbreck komm waren (Moesdorf, Bettborn, Grosbous, Merscheid, Lipperscheid, Bastenduerf), an och rem heem gefuer sin, haten mir deelweis zum Schluss iwer 70 KM opzeweisen. Bis Ettelbreck war de Grupp dann och emmer méi kleng gin, wéi no an no eenzel Leit de Grupp verloos hun fir sech op den Heemwé ze maachen.
De Grupp 2 sengersäits huet sech un dat gehaalen, wat ursprünglech geplangt war an huet sech an de Bescher ronderem Colmar - Bissen opgehaalen. Et goufen em déi 40 KM gemaach, alles am Niwel. De Collette's Mich hat den 1. Platten vun der neier Saison, an och hei war, laut Kommentäirs'en vun den Kollegen all Mensch zefridden.
Conclusioun (?) (Conclusioun mat ?, well et ass natiirlech nach keng Conclusioun. Fir t'éischt kucke mir mol, wat eis Memberen zu desem Thema mengen oder schreiwen). :
Sou dat et wuel net verkéiert ass, dese System beizebehaalen. Aer Meenung dozou géif mech dann och interesséieren, Meenung déi dir kennt an eisem Forum publizéieren.
Perséinlech mengen ech och, dat 2 Gruppen mat ennerschiddlechen Stärkten oder Ambitiounen net verkéiert sin.
Jidfereen kann sech all Sonndeg an der Grupp 'austoben' déi der momentaner Laun, Loscht, Form oder Zäitopwand entsprecht.
An ausserdem kennte mir dann och dat emsetzen, wouvun schon verschiddentlech geschwaat gouf, nähmlech den een oder aaneren Départ net zu Ettelbreck ze huelen, mé irgendwou aanescht, z.B. zu Viandem, oder Befort, asw. An eng Grupp wär dann awer trotzdem emmer zu Ettelbreck.
Daten (meng eegen, d.h. Merscheid - ETTELBR. - randonnée - ETTELBR. - Merscheid): 82 km, 1.415 HM, 19,14 Km./h.,
Wieder: decken Niwel um Départ, d´Sonn gouf verschiddentlech verschleiert gesin, mé koum ni richteg eraus (bis op déi lescht 10 Kilometer). Temperatur: Moyenne 11,60°, zweschen 9° um Départ an 15° zum Schluss.
Profil (mäin eegenen, d.h. Merscheid - ETTELBR. - randonnée - ETTELBR. - Merscheid) (duerno: back / retour / zurück)
Fotoen vum Daag kucken (duerno: back / retour / zurück)
Samsdeg, 08. 10.05: Trainingssortie mam Course-Velo.....(wann d´Wieder et erlaabt)
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck (bei dem virausgesootem schéinen Hieschtwieder......): ca. 80 km, geschaat, ouni irgendwéi nozerechnen....
Ettelbruck - Warken - Welscheid - Kehmen - Heiderscheid - (chemin) - Heiderscheid-Grund - Esch-s-S. - Lultzhausen - Neunhausen - Arsdorf - Koetschette - Rambrouch - (piste) - Redange - (piste, ou route ?) - Useldange - (route) - Bissen - Colmar - Welsdorf - Ettelbruck
Rapport:
2 Mann, den Ed an ech selwer hun sech bei 'komeschem' Wieder op de Wé gemach. Komesch, well um Départ war et zimmlech dréif, du gouf et nach méi dréif, um Stausee war dat allerschéinste Wieder, zu Arsdorf huet e bal gemengt, et géif geschwenn reenen, an ab Réiden war dun awer nemmen méi Summer.....mat ganz villen Cyclisten ennerwé.
Eng relax Sortie mat der enger oder aanerer 'Neientdeckung' vun Strooss (fir den nächsten Summer ze gebrauchen). Just um leschten Deel vun Réiden bis heem gung et eppes mei stramm, haaptsächlech hannert dem Ed......
Daten: 79 km, 760 HM, 28,13 Km./h.,
Wieder: schéint Hierschtwieder, eppes dréif, mé och eng Partie Sonn, besonnesch zum Schluss, 15-19°.
Profil (duerno: back / retour / zurück)
- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -
Activités sans rapport (rapporteur en congé)
Sonndeg, 02.10.05: Rallye de Fin de Saison
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Organisator: V.U. Esch Contr. princ.: Café 'Chez Régine', place de l'Europe, Esch/Lall., tél. 57 02 52
Streck (QR 345 /1): 50 km, 395 HM.
Ettelbruck - (piste) - Gilsdorf - Bleesbreck - Seltz - Longsdorf - Hoesdorf - (piste) - Reisdorf - Keiwelbach - Folkendange - Stegen - Schieren - Colmar Welsdorf - Ettelbruck
Samsdeg, 01. 10.05: Trainingssortie.....resp. Rallye
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck get op der Palaatz festgesaat, oder Rallyes-Streck fueren....
Samsdeg, 01.10.05: Section Dames - Trainings-Sortie
Départ: Ettelbrëck, Parking Deich ëm 14:00, (rendez-vous: 13:55)
Streck get um Départ festgesaat ,ass awer wahrscheinlech déiselwecht Streck wéi de Sonndess Rallye
Fir all Détailler betreffend d'Dame-Sortie(n): Tél. 81 21 89 (Helga Frères).
Mettwoch, 28.09.05: Lescht (geplangten) (geplangten) Mettwoch-Owes-Trainings-Sortie
Départ: Ettelbrëck, Parking Electricité Reding ëm 18:15, (rendez-vous: 18:10)
Streck get op der Platz festgesaat, ca. 40 KM, je no Profil
(Ech selwer sin net do a fueren hoffentlech nach 14 Deeg an der kurzer Box am Süden vun Frankräich).
Sonndeg, 25.09.05: Rallye ......
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Organisator: V.C. Rumelange Contr.principal: Café Central, 67, grand-rue, Rumelange, tél. 26 56 16 96
Streck (QR 711/2): 51 km, 380 HM.
Ettelbruck - Schieren - Colmar - (piste) - Bissen - (piste) - Useldange - (piste) - Redange - Reichlange - Bettborn - Grosbous - Mertzig - Feulen - Warken - Ettelbruck.
Samsdeg, 24. 09.05: Trainingssortie.....resp. Rallye
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck get op der Plaatz festgesaat, oder Rallyes-Streck fueren
Samsdeg, 24. 09.05: Section Dames - Trainings-Sortie
Départ: Ettelbrëck, Parking Deich ëm 14:00, (rendez-vous: 13:55)
Streck get um Départ festgesaat ,ass awer wahrscheinlech deelweis déiselwecht Streck wéi de Sonndess Rallye
Fir all Détailler betreffend d'Dame-Sortie(n): Tél. 81 21 89 (Helga Frères).
- - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - - -
Mettwoch, 21.09.05: Trainings-Sortie
Départ: Ettelbrëck, Parking Electricité Reding ëm 18:15, (rendez-vous: 18:10)
Streck (QR 688 /1): 43 km, 300 HM.
Ettelbruck - Welsdorf - Colmar - (piste) - Bissen - Boevange - Vichten - (dir. Grosbous) - Mertzig - Feulen - Warkdall - Welscheid - Warken - Ettelbruck.
Rapport:
10 Mann (6 x UCNE + 4 Kollegen aus aaneren Veräiner);
Wieder: superbloen Himmel, mé lues a lues méi fresch, resp. kaal (19° um Départ, 12° zum Schluss).Wand: net wirklech een Thema.
Moyenne: eppes iwer 30 Km./h.
Profil (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 18.09.05: La Charly Gaul
Départ fir all Participants: Contern, Centre Culturel 'an Henkes' (rue de Luxembourg) em 09:30
Grouss Streck : 153 Km, 1.850 HM,
Kleng Streck : 106 km, 1.200 HM,
Weider Détailler op der La Charly Gaul Internetsäit
Organisator: ACC Contern.
Rapport:
Bei genial guddem Wieder, an s...kaalen Temperaturen, 2-3 Grad Moies um Wé fir op Contern, hu mir eis op de Wé gemach fir bei deser international stark besaater Randonnée mat ze maachen. Insgesamt hun dann och iwer 900 Leit, gréistendeels Auslänner em 09:30 Auer bei ongef. 9° den Départ geholl.
No anfänglechem Gewulls huet dat ganzt sech zimmlech séier agependelt, an wéi um Seningerbierg een Tandem laanescht eis gefuer ass, huet d'UCNE sech direkt drun gehaangen. Bis op Medernach si mir laut der PC-Auswertung vu mengem Tacho mat enger Moyenne vun 40 Km./h gefuer, an dat bei navell strammem Géigenwand. Sou dat mir ennerwé gräppweis eenzel Cyclisten a kleng oder mettelgrous Gruppen agesammelt hun, vun denen dann och déi meescht versicht hun matzerullen. Sou dat et irgendwann sou ausgesinn huet: een Tandem, dun 4 Leit vun der UCNE, an hannendrun ee Peloton vun em déi 70 Mann, Peloton, den dun awer an der Montée vu Medernach op Savelborn (iwert déi fresch opgerappten Strooss !!??) explodéiert ass.
Ab elo hu mir, d.h. de Marc Z., Leo K., Jeff Th. an ech, eis zimmlech eleng duerch d´Geígend geschloen, mol mat desem, mol mat dem, mé meeschtens hu mir eis kurzfristeg Kollegen irgendwou verluer...no hannen versteet sech. Déi 3 Ravien hu mir zwar net ausgelooss, mé och net onnéideg Zäit verluer, insgesamt 12 Minuten (laut HAC4) , well den offiziellen Chrono ass weider gelaaf.
Ganz gudd hat de Leo seng Sortie vum WE virdrun verdaut, 215 KM MTB innerhalb vun 3 Deeg, an hien huet dann och den allergréisten Deel vun eiser Féierungsaarbecht gemach. Ab Kilometer 140 huet de Jeff eppes zereck geschrauwt. De Marc, de Leo an ech hun, grad wéi all aanerer natiirlech, och déi lescht Kilometeren mam dauernd präsenten starken an äusserst lästegem Wand gekämpft an hun eis deelweis iwert déi sellechen Miseler Koppen a Köppercher geploot. Sou dat ech bei der 2.- leschter dach strammer Montée nach sou just keng Krämpercher krut, - wat awer 100 m virum der Kopp vun der allerleschter Montée, 1 Kilometer virun der Arrivée net méi sollt klappen. Ech sin eroof geklommen an hun 100 m zu Fous gemaach, konnt dun rem fueren, a koum domat ca. 1 Minutt hannert dem Leo an dem Marc op d'Arrivée.
Sou wäit ech et matkritt hun, sin all eis Leit ukomm, a besonnesch den Martzen Felix huet mat enger 1. Plaatz op der grousser Streck an senger Alterskategorie (40-49 Joer) mat enger Moyenne vun 35 Km./h eng excellent Performance opzeweisen.
Bleiwt awer nach ze bemierken, dat et sou am Klassement steet, awer eigentlech net sou richteg stemmt. De Felix war mat engem Kolleg ennerwé, an huet missen zum Schluss dauernd op den waarden, well den mat Krämpercher geploot war, anscheinend nach wesentlech méi wéi ech. A well den groussen Tour bis op de leschten Kilometer absolut identeg war mat dem klengen, hun de Felix a säin Kolleg op der Plaatz wou déi 2 Strecken sech opgedeelt hun, décidéiert nemmen de klengen Tour ze fueren. Well si awer fir de groussen ugemeldt waren, huet de Computer si och an déi grouss Lescht opgeholl, obwuel si nemmen déi kleng Streck gefuer waren.
Et muss een, mengen ech, ké Prophet sin fir d'Ausso ze maachen, et wären der wuel nach eng Rei gewiecht, déi sech sou entscheed hun. Woumat sech allerdengs d'Fro stellt, wéi gené ass d´Klassement eigentlech wirklech, virun allem dat vun der grousser Streck, wann een mat 106 gefuerenen Kilometer mat 153 klasséiert get ??!!
(An dat soll em Gotteswellen keng Kritik um Felix sin, hien kann jo wirklech näischt fir desen Organisatiounsfehler).
Insgesamt waren vun eisem Veräin folgend Leit ennerwé (souwäit ech dat matkritt hun):
DISTELDORFF Serge
FREIMANN Marc
KIRCHEN Leo
MARTZEN Felix
REDING Mich.
THILL Jeff
ZENNER Marc.
Daten (meng eegen): 167 km, 1.910 HM., 30,39 KM./h., Wieder: super, mé moies richteg kaal. Wand: NO, richteg lästeg, 3-4 Bft.,
Klassementer: kennen all op der Charly-Gaul-Internetsäit nogekuckt gin.
Bleiwt nach eng Kéier ze bemierken, dat dati offiziell Klassment keng Rücksicht geholl huet op d'Zäiten wou eenzel Leit stoe bliwen sin fir z'iessen oder aus aaneren Grenn (Platten z.B.). Déi gefueren Vitess diirft also bei denen allermeeschten ee Steck méi héich leien wéi déi offiziell annoncéiert, ausser bei denen wirklech éichten an de Klassementer, déi wuel nie stoe bliwen sin.
Profil (duerno: back / retour / zurück)
Sonndeg, 18.09.05: Rallye 'Frinn Thorn'
Départ: Ettelbrëck, Maartplatz ëm 09:00, (rendez-vous: 08:55)
Organisator: U.C. Pétange Contr. principal: Café au Hall Omniport Tél. 50 41 08
Streck (QR.008, 51 km, 400 HM.)....
Ettelbruck - (route) - Diekirch - Bleesbreck - Bastendorf - Brandenbourg - Stool - Groestaen - Niklosbiirg - Walsdorf - Tandel - Bleesbreck - Bettendorf - (piste) - Diekirch - Ettelbruck
Rapport:
3 Mann: Marco F., Sylv. Fr., Marc G. Laut dem Marco sengen Aussoen: keng Pleiten, Pech a Pannen ze vermelden.
Profil: idem Samsdeg 17.09.05
Samsdeg, 17. September: Trainingssortie.....resp. Rallye
Départ: Parking Electricité Reding, ëm 12:30, (Rendez-Vous: 12:25)
Streck . idem Rallye vun Sonndess
3 Mann (Ed M., Charel B., Mich R.) waren haut, een Daag virun der Charly Gaul, ausnahmsweis mol eng Kéier GANZ verstänneg ennerwé.
Daten:
Profil (duerno: back / retour / zurück)
Samsdeg, 17. September 2005: Section Dames - Trainings-Sortie
Départ: Ettelbrëck, Parking Deich ëm 14:00, (rendez-vous: 13:55)
Streck : déiselwecht Streck wéi de Sonndess Rallye
Fir gené Détailler betreffend d'Dame-Sortie: Tél. 81 21 89 (Helga Frères).
Rapport:
3 Damen waren ennerwé.... Marie-Lousie Zenner, Helga Frères, Thérèse Reding... a goufen ennerwé allen gudden Wiederaussichten zum Trotz, kräfteg um Niklosbierg geduscht.